Ee Joer mat vill Aktualitéit a spannende Recherche geet op en Enn. Wat ass eiser Redaktioun besonnesch an Erënnerung bliwwen? Wou hat eis Aarbecht en Impakt? A wat wäert eis 2025 weider beschäftegen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Et ass schonn eng speziell Affär, souguer fir Lëtzebuerg, wou mir jo oft kritiséieren, datt et e relativ entspaant Verhältnis zur politescher Responsabilitéit gëtt“, seet de Christoph Bumb. De Chefredakter vu Reporter.lu bezitt sech do op de Fall vum DP-Politiker Pim Knaff. Mee déi fundamental Fro vu Verantwortung a Rechenschaftspflicht hätt sech 2024 a ganz villen Affäre gestallt, wéi de Christoph Bumb an de Laurent Schmit an der neier Episod vum Podcast „On the Record“ analyséieren.

Dat ass natierlech och de Fall an der Caritas-Affär, mat der sech Reporter.lu schonns an der leschter Episod vun „On the Record“ beschäftegt huet. Souwuel d’Caritas-Affär wéi de Fall Pim Knaff wieren awer och Beispiller, wéi wichteg Roll vun investigativem Journalismus ass, betounen de Christoph Bumb an de Laurent Schmit. Ee Journalismus, deen och en Impakt kann hunn, nawell och e bësse méi spéit, wéi de Fall vum Lucien Lux am Staatsrot oder déi rezent Entwécklungen an der Affär vum „Science Center“ weisen.

D’Journaliste beschwätzen an dëser Episod awer och dem Frank Engel säi „neie Frëndeskrees“, de Niddergang vun de Piraten a weider Recherche vu Reporter.lu op internationalem Niveau – wéi déi iwwert d’Lëtzebuerger Bedeelegung u Frontex oder déi iwwer d’Sich nom Ex-SREL-Agent Frank Schneider.

Si ginn awer och op d’Steng an, déi Journaliste bei sou Recherchen an d’Féiss geluecht ginn. Sief et, datt hinnen den Zougang zu Informatioune verweigert gëtt: „Wann een net bereet ass, Rechenschaft ofzeleeën, dann huet een näischt beim Staat oder an der Politik ze sichen“, seet dozou de Laurent Schmit. Oder datt d’Redaktioun mat juristesche Plaintë konfrontéiert gëtt. Béides wiere Phänomener, déi Reporter.lu och an Zukunft offensiv thematiséieren a kritiséiere wéilt.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema