Eng kritesch an investigativ Press riskéiert och zu Lëtzebuerg ëfters verklot ze ginn. Dat ass op mannst déi rezent Erfarung vu Reporter.lu. Wat stécht hannert esou Plainten? Wéi geet eng Redaktioun domat ëm? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
„Wann eng Plainte géint Journalisten oder géint ee Medium gemaach gëtt, kann dat theoretesch ëmmer dozou féieren, datt si sech ageschüchtert fillen. Konsequenz ka sinn, datt si sech net méi trauen, e Sujet ze behandelen, deen op e Mëssstand hiweist“, seet d’Laurence Bervard. D’Journalistin a Grënnerin vu Reporter.lu weess aus eegener Erfarung, wat et heescht, mat rechtleche Schrëtt gedréit ze kréien. An awer seet si, datt een als Journalistin esou Saachen net ze no u sech erukomme loossen däerf. „Soss hunn déi aner mat hirer Aschüchterung scho gewonn.“
Well et sech bal ëmmer ëm een Aschüchterungsversuch handele géif, misst een dat als Editeur och sou thematiséieren, seet de Christoph Bumb. „Mir wëlle weisen, datt mir eis net aschüchtere loossen an datt mir esou Versich, Drock op eis auszeüben, onmëssverständlech brandmarken an dat och esou kommunizéieren“, sou de Grënner a Chefredakter vu Reporter.lu. Persounen oder Entreprisen, déi sou Drock op Journalisten ausüben, missten sech bewosst sinn, datt si domat schlussendlech d’Pressefräiheet a Fro stellen – an datt och dat ënner Ëmstänn publik gëtt.
Vill vun deenen Acteure wéissten am Fong genau, datt si viru Geriicht wéineg Chance hunn. Mee dorëms géing et hinnen och meeschtens net goen, sou de Christoph Bumb. „Si wëllen Drock ausüben, fir datt mir eis et déi nächste Kéier zweemol iwwerleeën, kritesch iwwer si ze berichten. An grad dozou dierf et net kommen, datt sech esou Plainten op eis journalistesch Aarbecht auswierken. Dat ass kruzial an eiser Approche“, sou de Chefredakter vu Reporter.lu. Deen och nach betount, datt d’Press net just Rechter, mee och eng Rei Pflichten hätt, déi een am Alldag – a grad bei investigative Recherchen – onbedéngt erfëlle misst.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.
Méi zum Thema
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu



