Am Mäerz 2018 ass op Reporter.lu den éischten Artikel online gaangen. Wat war d’Motivatioun fir en „anere Journalismus“ ze lancéieren? Wat sinn d’Erausfuerderunge vun engem jonke Medium? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
De Projet Reporter.lu ass mam Usproch gestart, en investigativen a kritesche Journalismus ze maachen. Dozou gehéiert d’Onofhängegkeet vun Investisseuren a Publicitéit, déi dat a vollem Ëmfank garantéiert.
D’Grënner vu Reporter.lu, Christoph Bumb a Laurence Bervard, schwätzen iwwer d’Erausfuerderungen, déi deen Usproch nach ëmmer mat sech bréngt. „Fënnef Joer Reporter.lu weisen, datt et absolut Leit gëtt, déi bereet sinn fir kritesche Journalismus ze bezuelen. Mee och just wann d’Qualitéit stëmmt“, seet de Christoph Bumb am Gespréich mam Laurent Schmit. Ee Challenge wier, déi Qualitéit och dauerhaft ze garantéieren.
Beim Lancement wier et vill Skepsis ginn, erzielt d’Laurence Bervard. An effektiv wier de Start mat nëmmen dräi Journaliste schwiereg gewiescht. „Mir sinn haut eng Ekipp vun iwwer zéng Leit an dat ass natierlech vill besser fir eisen Uspréch gerecht ze ginn an nach méi Themen opzedecken“, seet Grënnerin vu Reporter.lu am Réckbléck.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.
Méi zum Thema




