No engem hëtzege Walkampf wielt Däitschland en neie Bundestag. Wéi eng Themen hunn dominéiert? Wéi eng Koalitiounen si méiglech? A wat kéint eng nei Regierung fir Lëtzebuerg an Europa bedeiten? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
„D’Migratiounspolitik ass natierlech e wichtege Sujet, mee d’Debatt doriwwer ass rhetoresch komplett eskaléiert“, seet de Christoph Bumb iwwer Walkampf virun der däitscher Bundestagswal dëse Sonndeg. „Dat ass jo keng Debatt méi. Et geet jo guer net méi dorëms, wat ee maache kann, ma just nach ëm radikal Fuerderungen: Grenzen zou a quasi alles abschieben“, sou de Chefredakter vu Reporter.lu am „Podcast „On the Record“. De wierkleche Problem dobäi wier awer, datt d’Debatt genee esou gefouert géif ginn, wéi eng AfD dat arrangéiert, an et wär genau déi Partei, déi den Toun bestëmmt.
De Christoph Bumb gesäit dann och gewëss Parallellen zu Lëtzebuerg, betount awer, datt d’ADR net vergläichbar mat der AfD wier. „Dat läit awer net dorunner, datt d’ADR méi moderat ass, mee datt sech souwuel d’ADR wéi AfD weider radikaliséiert hunn. Et kéint ee soen, d’AfD ass der ADR véier, fënnef Joer viraus an där Entwécklung, mee dat ännert näischt dorun, datt d’ADR dee selwechte Wee geet“, sou de Journalist, deen sech och rezent an engem Kommentar op Reporter.lu mam Ëmgang mam Rietspopulismus zu Lëtzebuerg befaasst huet.
Aner Parallelle géif et tëscht dem Premier Luc Frieden an dem Kandidat vun CDU/CSU, Friedrich Merz, ginn. Déi zwee géifen ouni Zweifel ganz änlech Usiichten vertrieden, charakterlech sinn si awer zimmlech ënnerschiddlech, seet de Christoph Bumb. Sollt de Friedrich Merz wierklech den nächste Bundeskanzler ginn, wier d’Fro awer: Ob grad hien, deen iwwerhaapt keng Regierungserfarung huet, de richtege Mann ass, „fir dat gréisste Land an der EU nees ze stabiliséieren, den Opstig vun der AfD ze bremsen a quasi nach niewebäi an Europa eng wichteg Roll ze spillen.“
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.



