E russeschen Aggresseur an en onzouverlässege Partner USA: Europa muss sech militäresch nei opstellen. Wéi sinn déi aktuell Entwécklungen ze bewäerten? A wat ka Lëtzebuerg an deem Kontext maachen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Verhandlungsbereetschaft signaliséieren a gläichzäiteg esou vill Fakte schafe wéi méiglech, dat ass d’Iwwerleeung vu Russland“, seet de Pit Scholtes am Podcast „On the Record“ a mengt domat dat aktuellt russescht Virgoen am Krich mat der Ukrain – och virum Hannergrond vun der rezenter Attack op d’Stad Sumy. A well d’USA zum ganz groussen Deel d’Linn vu Russland géingen iwwerhuelen an och mat ville vun hire maximal Fuerderunge fir eng Wafferou d’Accord wieren, wieren dat Zeechen, déi an Europa fir Beonrouegung suerge kéinten an och sollten, sou de Journalist vu Reporter.lu.

„Europa muss méi autonom bei der Defense ginn an do ass déi geplangte Koalitioun vun de Wëllegen en Zeechen un d’USA, datt Europa weider un der Säit vun der Ukrain steet a selwer och wëll e Poids hunn an de Verhandlungen ëm e Fridden“, erkläert de Pit Scholtes. Wéi eng Aufgaben dës Koalitioun kéint iwwerhuelen, dat wier am Moment nach net kloer. „Mee sou oder sou wäert all europäeschen Defenseminister elo ofweie mussen, wéi kann een d’Ukrain weider ënnerstëtzen, ouni seng eegen Ofwierkraaft ze schwächen.“ Fir Lëtzebuerg géing sech do d’Fro stellen, wat een als klengt Land iwwerhaapt ka maachen.

„Hu mir déi néideg Kapazitéiten, fir weider Mandater ze iwwerhuelen a gläichzäiteg eis NATO-Verpflichtungen un der Ostflank wouer ze huelen?“, freet sech de Pit Scholtes. Oder misst een nei Weeër goen: „Wa mer wierklech wëllen en Effort maachen, fir eis europäesch Partner ze stäerken, kënnt ee vläicht net dolaanscht eemol driwwer nozedenken, eventuell déi Länner finanziell ze ënnerstëtzen, déi net dat wirtschaftlecht Gewiicht hu wéi Lëtzebuerg, awer méi där russescher Gefor exposéiert si wéi mir “, sou de Journalist.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema