Och zu Lëtzebuerg gi Leit Affer vu sougenannte Callcenter-Scams a verléieren dobäi deels ganz vill Suen. Wéi genau funktionéiert dës Form vu Bedruch? Wien stécht dohannert? A wéi kann een sech schützen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Dat Schlëmmt bei dëser Form vu Bedruch ass, datt d’Affer systematesch bis op déi leschten Drëps ausbludde gelooss ginn“, seet de Laurent Schmit. De Journalist vu Reporter.lu mengt domat sougenannte Krypto-Scams, bei deenen d’Leit an Annoncen op de soziale Medie mat der Aussicht op ganz vill Geld dozou bruet ginn, hir Donnéeën ze iwwermëttelen an dono ëmmer nees an Telefonsuriff zu Investissementer gedrängt ginn. „Déi Leit gi bombardéiert mat Uriff a geroden do richteg ënner psychologeschen Drock a kréien och eng Aart Tunnelbléck“, sou de Laurent Schmit am Podcast „On the Record“.

Zesumme mam Luc Caregari konnt de Laurent Schmit am Kader vun enger internationaler Recherche ganz wäit hannert Kulisse vun dëser Bedruchsmasch kucken. Grondlag war en Dateleak, dat Abléck an zwee Netzwierker erméiglecht huet, déi ganz professionell, mat spezieller Software a mat extra dofir rekrutéiertem a geschoultem Personal a kuerzer Zäit méi wéi 260 Milliounen hire „Clienten“ aus der Täsch gezunn hunn. „Mir hu mat enger Famill geschwat, déi iwwer 400.000 Euro verluer huet“, zielt de Luc Caregari an dëser Episod vun „On the Record“.

Wéi grouss d’Envergure vun dëser Bedruchsmasch ass, dat wier schwéier ze soen, erklären déi zwee Journalisten, déi och mat Vertrieder vun der Police an der Finanzopsiicht CSSF geschwat hunn. „Et gëtt eng ganz grouss Donkelziffer, well vill Leit och keng Plainte maachen. Experten am Ausland ginn awer dovun aus, datt d’Zommen, déi domat ëmgesat ginn, mam internationalen Drogenhandel vergläichbar sinn“, seet de Laurent Schmit. „Ech hunn e bëssen Zweifel, datt d’Gefor, déi vun dëse Scams ausgeet, zu Lëtzebuerg richteg ageschat gëtt“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Reporter.lu recherchéiert weider zum Crypto-Bedruch. Wann Dir Affer vun esou enger Masch gouft an Informatioune mat eis deele wëllt, kënnt Dir eis Journaliste Luc Caregari a Laurent Schmit mat enger E-Mail op recherche@reporter.lu kontaktéieren.


Méi zum Thema