Enn Abrëll wäert d’Demokratesch Partei eng nei Spëtzt wielen. Wéi wäert sech dëse Wiessel auswierken? Wéi huet sech d’Partei an der Koalitioun mat der CSV verännert? A fir wat steet si nach politesch? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
„Et gëtt quasi kee Politikfeld, wou d’DP sech no baussen traut, eng kloer Positioun ze bezéien. Et ass keng Partei, déi inhaltlech Faarf bekennt.“ Dat äntwert de Christoph Bumb am Podcast „On the Record“ op d’Fro, fir wat d’Demokratesch Partei am Joer 2025 politesch steet. Pragmatesch, oppen, sozialliberal, onideologesch, all déi Begrëffer, déi déi féierend Persounen aus der DP ëmmer nees géinge beméien, „déi heeschen am Fong jo näischt“, sou de Chefredakter vu Reporter.lu. „Déi Begrëffer gi jo och vun anere Parteie benotzt, mee bei der DP ass et awer scho bal eng radikal Inhaltlosegkeet“.
Dat wier sécher och eng Konsequenz dovun, datt d’DP sech an de leschten 10 Joer bal ausschliisslech als „Premierpartei“ definéiert hätt, seet de Christoph Bumb. An et géing och mat der Walnéierlag vun 2004 zesummenhänken, wou déi Liberal als Juniorpartner vun der CSV ofgestrooft gi waren – eng Episod, déi an der Partei ëmmer nach ganz präsent wier. „D’DP huet warscheinlech aus deene leschte Joerzéngten d’Léier gezunn, datt eng klassesch liberal Partei, déi och mol uneckt, net onbedéngt fërderlech ass fir d’Walresultater.“
„Déi Inhaltlosegkeet schéngt déi responsabel Persounen och net wierklech ze stéieren, mee vill méi eng nei Generatioun vun DP-Politiker ervirzebréngen, déi sech an dem Eenheetsbräi vun der politescher Willkür wuel fillen“, sou de Christoph Bumb nach. Als Partei géif een esou awer riskéieren, austauschbar ze ginn. „Pragmatesch a problemorientéiert Politik maachen, dat kann och eng CSV, dat kann och eng LSAP an och Déi Gréng.“
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.
Méi zum Thema
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu



