Säit ronn sechs Méint schafft eng Spezialkommissioun vun der Chamber d’Caritas-Affär op. Wat huet si bis elo erausfonnt? Wat war d’Roll vun den eenzelnen Acteuren? An erfëllt d’Kommissioun hir Aufgab? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Fir mech ass kloer, datt d’Regierung am Juli Aktionismus bedriwwen huet, am August am Fong näischt gemaach huet an am September virun de Schierbele vun där Net-Reaktioun bzw. vun hirem Handele stoung.“ Dat seet de Laurent Schmit am Podcast „On the Record“ iwwer d’Virgoe vu Luc Frieden, Xavier Bettel a Co. an der Caritas-Affär. Säit méi wéi sechs Méint ass jo eng Spezialkommissioun vun der Chamber mam Opschaffe vum Finanzskandal beschäftegt. An och wann dat net explizit de Mandat vun der Kommissioun ass, ass zwangsleefeg d’Handele vun der Regierung een Thema.

„Krisemanagement ass per Definitioun chaotesch, mee ech mengen, datt een dat hei méi geuerdent a ëmsiichteg hätt kéinte maachen, amplaz sech als Krisemanager an d’Vitrinn ze stellen an déi Roll dann awer duerno guer net méi wouer ze huelen“, sou de Journalist vu Reporter.lu. Well de Lead hätten aner Acteure wéi d’Berodungsfirma PwC gehat, woubäi awer nach ëmmer kloer wier, wien hei wéi en Agenda hat a wie fir wie geschafft hätt. „Déi Fro, déi fir mech am Raum steet ass, wie war dann de Client vu PwC? A wiem sengem Interêt hunn si geschafft? Vum Bistum? Vun der Caritas? Vun der Regierung? Kee weess et“, sou de Laurent Schmit.

Wat awer kloer schéngt, wier, datt d’Membere vun der Verwaltungsréit vun den zwou betraffenen Caritas-Entitéite méintelaang guer näischt matkritt hätten an datt d’Direktioun mam Finanzmanagement iwwerfuerdert gewiescht wier, seet de Journalist. D’Fro vun der Responsabilitéit vun de Banke géing par contre weider spannend bleiwen, virun allem, wat d’Analyse vun der CSSF wäert erginn an op de Parquet dann iwwerhaapt nach op deem Volet enquêtéiert, sou de Laurent Schmit.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema