Een eenzege Walbezierk, méi Deputéiert an awer vläicht en Auslännerwalrecht: Doriwwer gëtt aktuell an der Chamber diskutéiert. Wat proposéieren déi eenzel Parteien? A wéi eng Iddien hunn eng realistesch Chance? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
„Mir hunn den Usproch, en demokratesche Staat ze sinn, mee momentan vertrëtt d’Chamber net mol d’Hallschent vun der Bevëlkerung, wann ee berücksichtegt, datt zwar d’Lëtzebuerger nach an der Majoritéit sinn, si awer net all volljäreg a domat walberechtegt sinn.“ Dat seet de Pol Reuter am Podcast „On the Record“ an erkläert domat, firwat verschidde Parteien nach ëmmer fir en Auslännerwalrecht plädéieren. „Gesäit ee bei dëser Fro och ganz kloer e progressiivt Bündnis aus LSAP, Déi Gréng an Déi Lénk, dat trotz dem Resultat vum Referendum 2015 d’Net-Participatioun vun auslännesche Bierger uprangert“, sou de Journalist vu Reporter.lu.
Déi dräi Parteie sinn sech och bei anere Proposen eens, déi aktuell an der zoustännege Chamberkommissioun en Vue vu méiglechen Upassunge vum Walgesetz diskutéiert ginn. Nieft bekannte Propose wéi engem eenheetleche Walbezierk an eben dem Auslännerwalrecht steet och d’Fro vun enger méi héijer Zuel vun Deputéiert am Raum. „U sech huet Lëtzebuerg schonn elo verhältnisméisseg vill Deputéiert, seet dozou de Pol Reuter. „Fir d’Deputéiert bei hirer Aarbecht ze entlaaschten, hätt e besser, d’Parteien an d’Fraktioune personell ze stäerken, fir datt si de Politiker besser zouschaffe kéinten – an datt Deputéierte-Mandat endlech eng Voll-Tâche gëtt.“
Doriwwer eraus schéngt bei ville Punkten, wou een och misst d’Verfassung upassen, net déi néideg Majoritéit do ze sinn, erkläert de Pol Reuter. Hien erënnert un d’Diskussiounen, déi et 2019 ëm esou Froe gouf an déi letzlech dozou gefouert hunn, datt d’Verfassungsreform net wéi geplangt ëmgesat gouf. Realistesch Chance fir a noer Zukunft ëmgesat ze ginn, gesäit de Journalist beim elektronesche Vott an der Walkabinn an der Schafung vum Vollzäit-Deputéierten.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.
Méi zum Thema
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu



