Steieren a Gerechtegkeet wäerten e wichtege Sujet bei de Walen 2023 sinn. Am Juli hunn sech d’Parteien an der Chamber scho positionéiert. Mee fir wéi eng Reforme gëtt et och eng politesch Majoritéit? Dorëms geet et an der neister Episod vun „On the Record“.

Reporter.lu ass net ganz onschëlleg dorun, datt Steieren a Gerechtegkeet rezent méi diskutéiert goufen. Am Interview 2020 huet den deemolege CSV-Präsident Frank Engel mat der Propos iwwer d’Besteierung vu Verméigen an Ierfschaften zu diskutéieren, d’Summerlach gesprengt. Dat huet hie schlussendlech de Job kascht, mee hien hat eng gutt Nues, datt dat e Sujet wier. Ganz séier huet d’Chamber virun zwee Joer den Debat opgegraff.

Am Juli war dunn den groussen Debat, deen d’Parteie genotzt hunn fir an de Walkampf eranzeklammen. Wat sinn d’Hannergrënn vun der Diskussioun? Wei eng Reforme ginn diskutéiert? A firwat spillt d’DP eng besonnesch Roll dobäi? Doriwwer huet de Laurent Schmit mam Pol Reuter an dem Pit Scholtes am REPORTER-Podcast „On the Record“ geschwat.

„On the Record“ ass den Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer eng vun eise Storyen an hir Hannergrënn. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.


Méi zum Thema