De Walkampf ass lancéiert: No de Kongresser vun CSV, DP an LSAP ginn déi éischt Tendenze kloer. Wéi eng Themen dominéieren a wéi positionéieren sech déi dräi Parteien ënnereneen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Picke géint d’CSV goufen et der op de Kongresser vun LSAP an DP de leschte Weekend genuch. Mee och de CSV-Spëtzekandidat Luc Frieden huet géint Blo-Rout-Gréng – oder wéi hie seet „Gambia“ – ausgedeelt. Parallel hunn d’Parteien déi Inhalter presentéiert mat deenen si wëlle punkten.

Bei der CSV hapert an dem Punkt awer nach. „Wéi géif déi ‚aner Politik‘, déi d’CSV wëll maachen, da wierklech ausgesinn?, freet de Christoph Bumb. Do misst d’Oppositiounspartei am September méi kloer ginn, seet hien am Podcast „On the Record“. D’Laurence Bervard gesäit bei der DP e Fokus op der Familljepolitik. Mat Versprieche vum méi „Congé parental“ wéilten déi Liberal déi jonk Familljen als Wieler fideliséieren.„Natierlech ass dat progressiivt Bild fir eng DP ganz wichteg“, analyséiert d’Journalistin vun Reporter.lu.

D’LSAP setzt dogéint op d’38-Stonnen-Woch a méi Congé, seet d’Fiona Kieffer. D’Spëtzekandidatin Paulette Lenert géif dës Themen ëmmer an der Kontext vun der Gesondheet setzen – dee Sujet, dee fir si wéineg iwwerraschend am Fokus steet. Um Kongress wier och kloer ginn, datt d’LSAP nach ëmmer géif den Usproch op de Premierpostë stellen.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple PodcastsGoogle Podcasts an op weidere Plattformen.


Méi zum Thema