Vu Luc Frieden bis Sam Tanson: Déi meescht Parteien hu lo decidéiert, wien si an d’Wale féiert. Wat ass d’Strategie hannert de Spëtzekandidaten? Fir wéi eng Inhalter stinn déi eenzel Perséinlechkeeten? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Den Trend geet zu de Spëtzekandidaten. Säit Ufank vum Joer hu bal alt d’Parteien hiren Haaptkapp ernannt. Dat gëllt och fir Parteien, déi keen Usproch formuléieren, de Premier ze stellen, wéi zum Beispill d’ADR.
D’Spëtzekandidaten hunn an dëser Phase virun allem den Zweck hier eege Partei an d’Stammwieler ze mobiliséieren, erkläert de Christoph Bumb. Dat geséich ee virun allem bei der CSV, déi mat dem Choix vum Luc Frieden aus enger Phas vu „politescher Depressioun“ rauskomm wier.
D’Spëtzekandidature wieren eng positiv Entwécklung, seet de Chefredakter vu Reporter.lu am Gespréich mam Laurent Schmit: „D’Wieler wëssen, wourun si sinn.“ D’Riede vu Luc Frieden, Sam Tanson a Fred Keup an de leschten Deeg géife vill aussoen iwwert d’Ausriichtung vun hire Parteien.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.
Méi zum Thema

