Duerch den Iran-Krich dréit eng nei Energiekris. Wéi vill budgetäre Spillraum huet d’Regierung fir ze reagéieren. Wéi eng Depensë kéint si reduzéieren? A wéi problematesch ass déi héich Staatsschold? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„D’Regierung huet sech dat Ee do selwer an d’Nascht geluecht. Si huet sech de Spillraum am Fong selwer geholl, fir an enger wierklecher Kris, déi elo vläicht usteet, awer besser kënnen ze handelen.“ Dat seet de Christoph Bumb am Podcast „On the Record“ a mengt domat de finanzielle Kader fir op déi klammend Energiepräisser ze reagéieren. An dat opgrond vun der Finanz- a Budgetspolitik, déi CSV an DP an dëser Legislaturperiod bis elo gemaach hunn. „Iwwregens ass et genau dat, wat notamment d’CSV der viregter Regierung ëmmer virgeheit huet: datt si a gudden Zäiten net antizyklesch virgaang ass“, sou de Chefredakter vu Reporter.lu.

Zesumme mam Pit Scholtes kuckt de Christoph Bumb an dëser Episod ganz genau op Staatsfinanzen. D’Journaliste schwätzen iwwer déi aktuell Situatioun opgrond vum Iran-Krich, iwwer déi steigend Depensen a feelend Recetten am Staatsbudget an iwwer déi ëmmer méi grouss Staatsschold.

An natierlech doriwwer, wéi et zu där Situatioun koum: „Ech mengen, déi Attitüd, déi et hei zu Lëtzebuerg ëmmer gëtt, wann een eng Mesure hëlt, datt da keen däerf verléieren, dat ass einfach eng Attitüd, déi sech esou verfestegt huet, datt een am Fong doduerch politesch handlungsonfäeg gëtt a keng déifgräifend Reforme méi ka maachen, well ee jo potenziell engem Deel vun der Wielerschaft kéint wéi doen“, sou d’Analys vum Pit Scholtes.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema