D’Sozialpartner sinn zefridde mam Accord. Mee ass d’Resultat vun der Tripartite gerecht an op der Héicht vun de Problemer? Wéi hunn sech d’Koalitiounspartner aus der Affär gezunn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Et ass leschte Freideg iwwerraschend séier gaangen. D’Mesure géint d’Energiekris gi verlängert an bei der Upassung vun der Steiertabell hunn sech d’Gewerkschaften zumindest zum Deel duerchgesat. De soziale Fridde wier mat deem Accord garantéiert, sot de Premier Xavier Bettel (DP) an der Chamber.
Sinn d’Mesure vun der Tripartite sozial gerecht? Ass de Kompromëss en Succès fir d’LSAP? A wéi wäit war d’Finanzministerin Yuriko Backes (DP) an de Verhandlungen isoléiert? Iwwer dës an aner Froe schwätzt de Laurent Schmit mam Pol Reuter am Podcast „On the Record“. Den Accord kënnt haaptsächlech de Wieler zegutt. „Mat dësem Accord gouf d’Mëttelschicht entlaascht, awer net déi déif Revenuen. Virun allem goufen déi wierklech héich nach am meeschten entlaascht“, erkläert de Journalist vu Reporter.lu.
Eng sozial gerecht Steierreform gouf verdaagt, genausou wéi de Mammutprojet vun der Individualiséierung. De Klimaschutz an d’Logementskris ware just Randthemen, kritiséiert de Pol Reuter.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.
Méi zum Thema


