D’Politik debattéiert zanter Méint iwwer eng Steierreform. Wéi eng Modeller gi proposéiert? Wéi finanzéierbar a sozial gerecht wier eng fundamental Reform vum Lëtzebuerger Steiersystem? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Am Virfeld vun der nächster Tripartite war d’Regierung sech offensichtlech net eens an der Steierpolitik: D’LSAP fuerdert eng Steierreform, duerch déi eng grouss Majoritéit vun de Bierger entlaascht gi soll. D’Finanzministerin Yuriko Backes (DP) weist sech skeptesch a pocht op eng „responsabel Finanzpolitik“. An Déi Gréng loossen sech bis op Weideres net an d’Kaarte kucken.
Wat well d’Regierung eigentlech? Wéi sozial gerecht kann eng Steierreform iwwerhaapt sinn? A wéi realistesch ass sou eng Reform an engem Waljoer? Iwwer dës an aner Froe schwätzt de Christoph Bumb mam Laurent Schmit am Podcast „On the Record“. „Am Fong sinn dat Scheindebatten“, seet de Journalist vu Reporter.lu. Déi lescht 10 Joer hätte gewisen, datt Blo-Rout-Gréng méi wéi eng Chance verpasst hätt, fir eng strukturell Steierreform unzegoen.
Allerdéngs géif dee Sujet mat zimmlecher Sécherheet eng wichteg Roll am Walkampf spillen, sou de Laurent Schmit weider. Dat géif och dorunner leien, datt Theme wéi d’Staatsscholden, sozial Gerechtegkeet oder d’Schéier tëschent Aarm a Räich an de leschte Jore méi dringend gi wären.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.
Méi zum Thema




