Relativ niddreg Staatsscholden an d’Erhalung vum „Triple A“ ware bis elo absolut Prioritéite vun der Regierung. Haut sinn déi Ziler awer ëmmer méi ëmstridden. Wat bréngt den Triple A dem Land wierklech? Dorëms geet et an der neister Episod vun „On the Record“.
Dräi Buschtawe bestëmmen zanter ville Joren déi Lëtzebuerger Finanzpolitik. Den „Triple A“, also déi Top-Bewäertung vun de Rating-Agencen, ass dobäi méi wéi just ee Gimmick oder een Deel vum „Nation Branding“. Dohannert steet eng Politik, déi grousse Wert op d’Attraktivitéit vun der Lëtzebuerger Finanzplaz an en „nohaltegen Ëmgang“ mat de Staatsfinanze leet, wéi et am offizielle Jargon heescht.
Wéi eng Bedeitung huet den Triple A fir Lëtzebuerg nach? Wat ass de konkrete Lien tëschent de Staatsscholden an der Bonitéit vum Land? A wat géif geschéien, wa Lëtzebuerg enges Daags keen Triple A méi hätt? Iwwer déi Froe schwätzt de Christoph Bumb mam Laurent Schmit, dee sech fir Reporter.lu scho méi laang mat dëser Matière beschäftegt, am Podcast „On the Record“.
Den Triple-A-Rating wier natierlech wichteg, mee géif och zum Deel iwwerschat ginn, seet de Laurent Schmit. Bei der Bewäertung vum Lëtzebuerger Finanz- a Wirtschaftsmodell géif et net nëmmen em d’Héicht vun de Staatsscholde goen. Och d’Froe vun der politescher Stabilitéit, vun Investitiounen an eng nohalteg wirtschaftlech Diversifizéierung an och vun der Léisung vu soziale Problemer géifen sech op laang Siicht op d’Bonitéit vum Land auswierken, sou de Journalist vu Reporter.lu.
„On the Record“ ass den Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer eng vun eise Storyen an hir Hannergrënn. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.
Méi zum Thema


