D’Regierung an d’Sozialpartner hunn en Accord fonnt. Mee d’Tripartite leet och nei politesch Konflikter oppen. Wat sinn d’Suitte fir d’Koalitioun, déi sech bei ville fundamentale Froen net eens ass? Dorëms geet et an der neier Episod vun „On the Record“.
„Een historeschen Entlaaschtungspak“, nennt de Premier Xavier Bettel den „Accord de principe“, dee Regierung, Gewerkschaften a Patronat en Dënschden virgestallt hunn. Déi wichtegst Mesure ass eng Energiepräisbrems, mat där een d’Inflatioun ophalen a souwuel d’Bierger wéi och d’Betriber entlaaschte wëll.
Am Mesurëpak feelen nach wichteg Detailer, notamment d’Fro vum finanziellen Impakt op de Staatsbudget ass nach net ofschléissend gekläert. Wéi et aus de Kulisse vun de Gespréicher heescht, waren déi Virschléi vun der Regierung net ëmmer gutt virbereet an och wichteg Berechnunge louche bis zum Accord net um Dësch.
Am Reporter-Podcast „On the Record“ schwätzt de Journalist Pol Reuter iwwer Dynamiken, Léisungen an ongeléist politesch Konflikter am Kontext vun de Negociatiounen. Hien huet fir Reporter.lu d’Tripartite begleet an och hannert de Kulisse vum Sozialdialog recherchéiert.
„On the Record“ ass den Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer eng vun eise Storyen an hir Hannergrënn. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.
Méi zum Thema
