D’Faillite vu Cenaro schléit héich Wellen. Dës Woch koum et zu Perquisitiounen. Reporter.lu hat d’Problemer vum Promoteur revéléiert. Wéi geet et fir d’Keefer weider? Wat sinn d’Indizie fir Bedruch? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

De Fall Cenaro ass déi éischt grouss Faillite vun engem Promoteur säit Joerzéngten. Iwwert honnert Famillje waarden op hire Logement. Investisseuren äusseren de Verdacht vun engem Ponzi-Schema. D’Enquête vun der Justiz huet réischt ugefaangen. E Mëttwoch hunn eng véierzeg Ermëttler Perquisitiounen duerchgefouert an et gouf eng Persoun festgeholl.

Plainten, déi Reporter.lu konnt consultéieren, deiten drop hin, datt Sue vun deen enge Projeten an déi aner gefloss sinn. Et ass net kloer, wiem d’Terraine letztendlech gehéieren, erkläert d’REPORTER-Journalistin Véronique Poujol. Et gëtt zwar eng Garantie fir Haiser an Appartementer, déi op Plang kaaft goufen. Mee do ginn et och Hoken, erkläert de Journalist Pit Scholtes vu Reporter.lu am Gespréich mam Laurent Schmit am Podcast „On the Record“.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.


Méi zum Thema