De Fall vum Chirurg Philippe Wilmes wërft vill Froen op. Wéi en Impakt huet dat op d’Patienten? Wéi een op d’Dokteren? A wéi kéint dës Affär de ganze Secteur a d’Gesondheetspolitik veränneren? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Esou oder esou ass ee Vertrauensverloscht an de System do“, mengt de Pol Reuter. „Stellt sech herno eraus, dass de Philippe Wilmes Feeler gemaach huet, dann ass di ganz Campagne, déi hie medial féiert, fir näischt gewiescht a weist, datt hie gelunn huet. An domat géingen och all déi Leit, déi hie momentan ënnerstëtzen dee Moment fale gelooss ginn“, sou de Journalist vu Reporter.lu am Podcast „On the Record“. „Wann anerersäits festgestallt gëtt, datt hie keng Feeler gemaach huet, da stellen sech natierlech Froen zum Collège médical an den Dokteren, déi de Philippe Wilmes denoncéiert hunn.“

„D’Virgoe vum Collège médical hei weist och, datt deen als Institutioun einfach net gutt opgestallt ass. Hien huet kee richtege Pouvoir d’enquête an et feele Moyenen. An och déi Prozedure schéngen am Gesetz net kloer definéiert ze sinn“, seet de Laurent Schmit. „An ech muss do vläicht meng Meenung aus enger anerer Podcast-Episod revidéieren, wou ech gemengt hunn, dat wier lo keng politesch Affär. Ech mengen, dat ass se awer entre-temps scho bei all deene Saachen, di prozedural schifgelaf sinn an einfach wéinst den Enjeuen, ëm déi et geet. Egal, wat d’Martine Deprez lo mécht an der Gesondheetspolitik, et wäert ëmmer op déi heiten Affär bezu ginn“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Där Meenung ass och de Pol Reuter, dee virun deem Hannergrond och déi ganz Diskussioun ëm eng Liberaliséierung vun der Medezin, wéi d’AMMD se wëll, uschwätzt awer och Konsequenze fir déi alldeeglech Praxis gesäit: „Déi ganz onsécher Situatioun kann dann och dozou féieren, datt Patienten éischter Plaintë géint Doktere maachen, dat weisen Etuden aus dem Ausland, erkläert de Journalist. „An dat kann dann dozou féieren, datt d’Dokteren eng sougenannt defensiv Medezin maachen, dat heescht si zécken, verschidden Agrëffer oder Traitementer ze maachen a maache léiwer nach een Exame méi, wat natierlech en Impakt op d’Patienten an och op d’Käschte vum Gesondheetssystem hätt an dat bei enger CNS, déi elo schonn defizitär ass“, sou de Pol Reuter.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema