Déi nei Regierung hat ugekënnegt, eng aner Klimapolitik ze maache wéi hir Virgänger. Wat huet Schwaarz-Blo bis elo geännert? Wou gëtt et eng Kontinuitéit? A wat bedeit dat fir d’Klimaziler? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

D’CSV-DP-Regierung huet déi kontroverste Mesür am Klimaplang gekippt: Et soll kee Verbuet vu fossillen Heizunge kommen. Dat ass e politesche Message vun der neier Majoritéit, seet de Laurent Schmit. Et wéilt een d’Leit mathuelen an net op Verbueter setzen. „Dat Paradoxt ass, datt Blo-Rout-Gréng dat selwecht wollt“, betount de Journalist vu Reporter.lu. D’Fro wier allerdéngs lo, wat d’Ressortministere Lex Delles a Serge Wilmes géife maachen, wann déi ambitiéis Ziler beim Ëmrëschten op Wärmepompelen verfeelt ginn. „Geschitt dann einfach näischt?“, freet de Laurent Schmit am Podcast „On the Record“.

Et gi weider Widderspréch an der Klimapolitik vun CSV an DP. D’EU-Kommissioun wëll, datt Lëtzebuerg säin Energieverbrauch drastesch senkt. De Wirtschaftsminister sot an der Chamber, datt dat just méiglech wier mat Verbueter an domat den „Tanktourismus komplett ofzewiergen“. „D’Rechnung ass am Fong, ‚mir baue ganz vill Wärmepompelen an, fir nach weider un hallef Europa Diesel ze verkafen“, seet de Laurent Schmit. An déi Rechnung géif ëmmer manner opgoen, well den Tanktourismus de Lëtzebuerger Klimabilan sou signifikant belaaschte géif. Och am Europawalkampf géifen déi grouss Parteien sech zwar zum Klimaschutz bekennen, mee sech net konkret positionéieren zu Sujete wéi de Verbrennerverbuet oder den CO2-Präis, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema