Den André huet grouss Pläng fir seng berufflech Karriär. Bis elo krut hien awer just eng fest Platz bei enger Botzfirma ugebueden. Wéi schwéier ass et, säi soziale Milieu ze iwwerwannen an opzesteigen? Dorëms geet et an der zweeter Episod vun „Aarm trotz Aarbecht“.
„Et ass schwéier, wanns du mam Mindestloun probéiers, onofhängeg ze sinn“, seet den André*. Seng Ëmstänn si schwiereg: Hie wunnt zesumme mat 9 Leit an engem 2-Zëmmer-Appartement. Hie schwätzt kee Lëtzebuergesch. Dem André feelt et u Kontakter fir seng Plaz an der Beruffswelt an an der Lëtzebuerger Gesellschaft ze fannen. Am Podcast „Aarm trotz Aarbecht“ erzielt hie vu senger prekärer Situatioun a wéi hien sech trotz allen Hindernisser eropschaffe wëll.
„Et ass onméiglech, seng sozial Originnen hannert sech ze loossen“, seet d’Heidi Martins, Soziologin beim Diddelenger „Centre de documentation des migrations humaines“. Dem André seng sozial Klass a säi Migratiounshannergrond wiere Facteuren, déi de Risiko erhéijen, trotz enger Aarbecht aarm ze sinn.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„Aarm trotz Aarbecht“ ass eng nei Podcast-Serie vu Reporter.lu iwwer Leit, déi zu Lëtzebuerg schaffen an awer net genuch verdéngen, fir en anstännegt Liewen ze hunn. Dir fannt d’REPORTER-Story och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.
*Numm vun der Redaktioun geännert.
Méi zum Thema
