Eng elengerzéiend Mamm, déi trotz guddem Job op d’Epicerie sociale ugewisen ass: Dat ass d’Geschicht vum Delfina. Firwat si Monoparentalle besonnesch dem Aarmutsrisiko ausgesat a wat misst sech änneren? Dorëms geet et an der éischter Episod vun „Aarm trotz Aarbecht“.
„Mir ginn net schaffe fir ze liewen, mir gi schaffe fir schaffen ze goen. Et ass en Däiwelskrees“, seet d’Delfina. Mat héije Wunnkäschten, der Explosioun vun de Präisser fir Energie a Liewensmëttel geet et fir si och mat engem vergläichsweis gudde Salaire um Ënn vum Mount net op. „Vill Leit a menger Situatioun, déi denken och drun: Et geet net anescht. Mir musse raus aus dem Land. Hei ass alles vill ze vill deier.“
Am neie Podcast „Aarm trotz Aarbecht“ vu Reporter.lu gëtt d’Delfina en Abléck, wat d’Liewe vu ville Monoparentalle zu Lëtzebuerg sou schwéier mécht a firwat déi existent staatlech Hëllefen net genuch hëllefen. Mir hunn déi elengerzéiend Mamm iwwer Méint laang begleet an zielen hir Geschicht.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„Aarm trotz Aarbecht“ ass eng nei Podcast-Serie vu Reporter.lu iwwer Leit, déi zu Lëtzebuerg schaffen an awer net genuch verdéngen, fir en anstännegt Liewen ze hunn. Dir fannt d’REPORTER-Story och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.