Podcast „Aarm trotz Aarbecht“

Wéi ongerecht ass Lëtzebuerg?

Datt d’Schéier tëscht Aarm a Räich ausernee geet, mécht de Léit zu Lëtzebuerg ëmmer méi Suergen. Wéi hunn sech déi ekonomesch Ongläichheete verännert a wat kann d’Politik konkret dogéint ënnerhuelen? Dorëms geet et an der leschter Episod vun „Aarm trotz Aarbecht“.

Podcast „Aarm trotz Aarbecht“

Wild Wild Wedely

D’Online-Liwwerplattform „Wedely“ versprécht Aarbechter, si kéinten 200 Euro den Dag op eng „einfach Manéier“ verdéngen. En Ex-Livreur widdersprécht där Pub. Ëm d’Realitéit hannert der Plattform-Ekonomie geet et an der véierter Episod vun „Aarm trotz Aarbecht“.

Podcast „Aarm trotz Aarbecht“

Sozialhëllef ass net geschenkt

D’Ann ass op staatlech Hëllef ugewisen. Si wëll awer finanziell op eegene Been stoen. Huet d’REVIS-Reform hir Ziler erreecht? Wéi schwéier ass et fir Betraffener, aus deem System eraus ze kommen? Dorëms geet et an der drëtter Episod vun „Aarm trotz Aarbecht“.

Podcast „Aarm trotz Aarbecht“

D’Limitte vum „Lëtzebuerger Dram“

Den André huet grouss Pläng fir seng berufflech Karriär. Bis elo krut hien awer just eng fest Platz bei enger Botzfirma ugebueden. Wéi schwéier ass et, säi soziale Milieu ze iwwerwannen an opzesteigen? Dorëms geet et an der zweeter Episod vun „Aarm trotz Aarbecht“.

Podcast „Aarm trotz Aarbecht“

Eng elengerzéiend Mamm an der Inflatiounskris

Eng elengerzéiend Mamm, déi trotz guddem Job op d’Epicerie sociale ugewisen ass: Dat ass d’Geschicht vum Delfina. Firwat si Monoparentalle besonnesch dem Aarmutsrisiko ausgesat a wat misst sech änneren? Dorëms geet et an der éischter Episod vun „Aarm trotz Aarbecht“.