D’Online-Liwwerplattform „Wedely“ versprécht Aarbechter, si kéinten 200 Euro den Dag op eng „einfach Manéier“ verdéngen. En Ex-Livreur widdersprécht där Pub. Ëm d’Realitéit hannert der Plattform-Ekonomie geet et an der véierter Episod vun „Aarm trotz Aarbecht“.
„Wa Wedely sech etabléiert huet, da geet een dovunner aus, datt et legal ass. Si hunn e Büro, si siche Leit – dat ass sécher legit!“, seet de Kevin*. Net eréischt zanter der Pandemie hu Servicer vun digitale Plattformen sech zu Lëtzebuerg fest etabléiert. Mee de Business-Model vun dëse Firme wërft eng Rei Froen op. Duerch eng feelend Gesetzgebung kënne sech Plattforme wéi Wedely hire sozialen a legalen Obligatioune géigeniwwer Mataarbechter deelweis entzéien.
Am Podcast „Aarm trotz Aarbecht“ erzielt de Kevin vu senger Erfarung als Livreur fir „Wedely.com“, gëtt Abléck hannert Kulisse vun der Liwwerplattform an erkläert, firwat et ganz schwéier ass, duerch sou eng Aarbecht säi Liewensënnerhalt ze decken.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„Aarm trotz Aarbecht“ ass eng nei Podcast-Serie vu Reporter.lu iwwer Leit, déi zu Lëtzebuerg schaffen an awer net genuch verdéngen, fir en anstännegt Liewen ze hunn. Dir fannt d’REPORTER-Story och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.
*Numm vun der Redaktioun geännert
Méi zum Thema


