D’Kulturjoer vun Esch an 18 Partnergemenge geet dës Woch offiziell op en Enn. Wat ass de Bilan vun Esch 2022? A wat kann een aus der mouvementéierter Geschicht vum Projet léieren? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Et soll een aussergewéinleche Projet ginn: Net eng europäesch Kulturhaaptstad, mee eng ganz grenziwwerschreidend Regioun mat 19 Gemengen, déi sech Europa presentéiert. Elo nom offiziellen Ofschloss dës Woch vun Esch 2022 fält de Bilan awer net positiv aus.

Vill intern Streidereien, eng inkohärent Politik a schlussendlech och d’Pandemie hunn d’Kultur an d’Kënschtler an den Hannergrond gedréckt. Esch 2022 wäert kaum en nohaltegen Impakt an der Lëtzebuerger Kulturzeen hunn. Dat seet de Journalist Luc Caregari vu Reporter.lu am Gespréich mam Laurent Schmit am Podcast „On the Record“. Generell géif sech d’Fro vum Sënn an Zweck vun den Europäesche Kulturhaaptstied stellen.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.


Méi zum Thema