De Problem vum Logement huet sech an de leschte fënnef Joer drastesch verschäerft. Wat ass de Bilan vu Blo-Rout-Gréng a wéi realistesch sinn d’Propose vun de Parteien? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
De Logementsproblem kéint een an de Grëff kréien, ouni datt d’Präisser falen – dat mengen zumindest déi meescht Parteien. Déi neisten Zuele vum Marché weisen awer, datt dat nach méi schwéier wäert ginn, seet de Pit Scholtes. Nei Wunnenge gi quasi keng méi gebaut, betount de Journalist vu Reporter.lu.
Méi Bauen, sou heescht eng weider Fuerderung, déi quasi all d’Parteie stellen. Do bléift awer d’Fro, wou de Staat déi Terraine soll hierkréien, seet de Pol Reuter. „De Staat muss an Zukunft mat Promoteuren zesummeschaffen. Wann een déi ugekënnegt Bauoffensiv wëll starten, da geet et net aneschters“, sou de Journalist vu Reporter.lu. Beim staatlechen Opkaf vu Projete vu Promoteuren („Vefa“) gesäit de Pit Scholtes d’Fro vum adequate Präis.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit.
Méi zum Thema


