Lëtzebuerg huet eng nei Regierung, hiren Accord ass ënnerschriwwen. Wat wëll déi nei Koalitioun aus CSV an DP? Wéi eng Politik kënnt op d’Land duer? A wéi ass hir Kommunikatioun bis elo anzeschätzen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
„Lëtzebuerg fir d’Zukunft stäerken“: Dat ass den Titel vum Koalitiounsaccord tëscht CSV an DP. An och wa bis elo just Eckpunkten bekannt sinn, loossen sech awer verschidde Prioritéiten erausliesen. Beispill Logement a Kafkraaft. „Am Logement gëtt u sech de Walprogramm vun der CSV bal komplett ëmgesat. Do gëtt ganz vill am steierleche Beräich gemaach, fir d’Demande nees unzekuerbelen“, seet de Pol Reuter. Dat selwecht geséich een bei der Kafkraaft, wou d’Steiertabell deels soll un d’Inflatioun ugepasst, Steierklass 1A entlaascht ginn a laangfristeg soll déi vun der DP gefuerdert Individualiséierung kommen. „Do erkennt een dann och d’Iddi, déi béid Walprogrammer zesummeleeën“, sou de Journalist vu Reporter.lu.
Bei all deene steierleche Mesurë stellt sech awer weiderhin d’Fro vun der Géigefinanzéierung, mee do géing et zumindest een Indiz ginn, wéi datt kéint geschéien. „Laut den Informatiounen,déi ech hunn, ass eng gréisser Pensiounsreform ugeduecht. Zumindest soll dat mol debattéiert ginn“, sou de Pol Reuter weider. Dat kéint dann och e Grond sinn, firwat op deem Poste mat der Martine Deprez eng fréier Beamtin vun der „Inspection générale de la Sécurité sociale“ gesat gouf, sou de Journalist vu Reporter.lu. Aus där Optik géing déi Nominatioun effektiv Sënn maachen, bei anere Punkte vun der Ressortverdeelung kéint een sech awer scho wonneren, zum Beispill e Claude Meisch, dee souwuel Educatiouns- wéi och Logementsminister gëtt.
Déi nei Ministere ginn dëse Freideg vereedegt. De Start vun der neier Regierung war awer holpreg, notamment, wat hir Kommunikatioun ugeet. „Et gouf offensichtlech keng Kommunikatiounsstrategie, et hat een éischter d’Gefill, datt een dat alles dilettantesch ugoung“, seet de Pol Reuter. „Dono koum den Hickhack mat der Publikatioun vum Koalitiounsaccord. Dat Ganzt weist einfach, datt de Luc Frieden aus der leschter Legislatur e bëssen geléiert huet an d‘Parlament méi wollt abannen. Mee hien huet doraus wuel déi falsch Schlëss gezunn“, sou de Journalist vu Reporter.lu.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit.
Méi zum Thema




