Fir déi eng ze laang, fir déi aner ze kuerz: D’Walcampagne geet op een Enn. Wat bléift bei de grousse Sujeten zréckzebehalen? Wéi erfollegräich hunn d’Spëtzekandidaten hir Akzenter gesat? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

D’Spëtzekandidate vun CSV, Déi Gréng, LSAP an DP waren alleguerten am „REPORTER Live“-Interview. Ausgewielten Extraite weisen de Charakter vu Luc Frieden, Sam Tanson, Paulette Lenert a Xavier Bettel. Et geet awer och ëm hier Approche, fir Premier ze ginn a wéi si zu de wichtege Problemer vum Land stinn.

„De Walkampf huet gewisen: D’Wale sinn dës Kéier extrem oppen“, betount de Christoph Bumb, Chefredakter vu Reporter.lu. Programmatesch géif et eng kloer Alternativ zu der aktueller Koalitioun ginn: „Et fält op, datt d’CSV an d’DP bal eng natierlech Koalitioun géifen agoen. Dat huet een an de leschten zéng Joer e bësse vergiess, well Blo-Rout-Gréng regéiert an de Xavier Bettel eng sozial-liberal Politik verfollegt.“

Déi lescht Wochen hätten awer och gewisen, datt déi 3 Koalitiounsparteie mat ënnerschiddleche Strategien an d’Wale ginn. Déi Liberal an Déi Gréng géife kloer als „Vertrieder vum Status quo“ eriwwerkommen, sou de Christoph Bumb weider. D’LSAP wéilt mat hire Fuerderungen an der Steier- a Sozialpolitik op mannst usazweis nei Akzenter setzen an d’Partei hätt mat hire Sujeten de Walkampf och phaseweis bestëmmt.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. 


Méi zum Thema