Bis 2050 soll Lëtzebuerg klimaneutral ginn. Mam Update vum Klimaplang wëll Blo-Rout-Gréng dat erreechen. Sinn eis Ziler realistesch an tatsächlech esou ambitiéis, wéi d’Regierung gäre betount? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Mat 197 Mesurë well d’Regierung d’Klimakris iwwerwannen. Duerch den Update vum Energie- a Klimaplang (PNEC) soll Lëtzebuerg säin Zil vu 55 Prozent manner CO2-Emissioune bis 2030 an d’Klimaneutralitéit bis 2050 erreechen. Dës Aktualiséierung war och batter néideg, well Lëtzebuerg ass aktuell net op enger Schinn a Richtung Klimaneutralitéit, seet de Laurent Schmit am Podcast „On the Record“.
Den neie Plang wär op realpoliteschen Niveau ee Succès, mee en géing domat just dat Néidegst erfëllen, esou de Journalist vu Reporter.lu. Ëmmerhin ass et der Regierung mam sougenannte PNEC gelongen, dem Klimasujet Sprengkraaft am Walkampf ze huelen.
Eng Première ass och, datt d’Bierger iwwert de Klima-Biergerrot konnten op den Energie- a Klimaplang awierken. De Premier Xavier Bettel (DP) hat op der Pressekonferenz betount, datt et duerch de Rot zu Verbesserungen um PNEC komm ass. D’Handschrëft vun den engagéierte Bierger liest sech awer nëmme schwéier aus dem neien Text eraus. Dat weist ënnert anerem d’Beispill vun der CO2-Steier.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.
Méi zum Thema


