Luxaviation an säi CEO Patrick Hansen stoungen am Fokus vu 15 Medien. Wéi koum et zu der internationaler Recherche? Firwat brauch et méi Transparenz bei onduerchsiichtege Firmen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Investigativjournaliste waren ënnner Choc, wéi den „Registre des bénéficiaires effectifs“ (RBE) opgrond vun engem Urteel vum Europäesche Geriichtshaff zougemaach gouf – a Lëtzebuerg war do keen Eenzelfall. Wéi ass et dozou komm? Firwat hat de Lëtzebuerger Geschäftsmann géint den RBE geklot a wat ass säi Background?
Dës Froe stoungen um Ufank vun enger internationaler Recherche, déi iwwer zwee Méint laang gedauert huet. D’Journaliste waren iwwerrascht, wat si alles an den Dausende vun Dokumenter fonnt hunn. Knapps 150 Milliounen Euro vu russeschen Investisseure – deels mat enkem Lien zum Vladimir Putin – sinn an d’Expansioun vu Luxaviation gefloss. De Patrick Hansen huet sech an engem Interview vun zwou an eng hallef Stonne verdeedegt. Säin Haaptargument: Et ass alles am Oppene geschitt an näischt war onduerchsiichteg.
„Et hu Journaliste matgeschafft, déi zanter 20 Joer am Business sinn an déi mir gesot hunn ‚sou eppes wéi dat do hunn ech nach nie gesinn‘“, erzielt de REPORTER-Journalist Luc Caregari am Gespréich mam Laurent Schmit am Podcast „On the Record“.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.
Méi zum Thema


