D’Wirtschaft wiisst méi lues an d’Staatsschold klëmmt: Wéi krisefest an nohalteg sinn d’Lëtzebuerger Staatsfinanzen? An si Steiererliichterunge trotz héijer Staatsschold realistesch? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Dës Woch huet d’Finanzministerin Yuriko Backes (DP) an der Chamber den neie „Programme de stabilité et de croissance“ virgestallt. Deemno sollen d’finanziell Aussiichte besser si wéi erwaart. An awer wäert d’Staatsschold och an den nächste 4 Joer zouhuelen. Doduerch muss de Staat och geschwënn eng hallef Milliard Euro Zënsen pro Joer zeréckbezuelen. Genau esou vill also wéi de „Sputt“, vun deem bei der leschter Tripartite nach geschwat gouf. Deen war awer och schonn zu deem Zäitpunkt net do, seet de Christoph Bumb am Podcast „On the Record“.

D’Kritik vun der CSV, datt déi momentan Situatioun vun der Staatsschold nach ni esou schlecht, de Logementsproblem nach ni esou akut an esou vill Léit vun Aarmut betraff sinn, wier zwar pertinent. Mee och d’CSV misst iergendwann soen, wéi si dann déi duerch „d’Polykris“ aus Pandemie, Ukrain-Krich an Inflatioun verschäerft finanziell Situatioun vum Staat konkret verbessere wéilt, sou de Chefredakter vu Reporter.lu. Et wier och ze bezweifelen, ob sech no de Walen eng Majoritéit fënnt fir tatsächlech Scholden ofzebauen.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple PodcastsGoogle Podcasts an op weidere Plattformen.


Méi zum Thema