Et ass een Deal nom Donald Trump sengem Goût: D’EU akzeptéiert eesäiteg Douanestaxen a wëll an den USA Milliarden investéieren. Wat bedeit dat fir d’Wirtschaft? A geet et net och ëm de Westen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

D’EU als Schoussmippche vum US-Präsident Donald Trump: Dat war déi éischt Impressioun, déi an der europäescher Ëffentlechkeet nom Accord de 27. Juli hänke bliwwen ass. „Wann een et ganz realistesch a niichter kuckt, wees ech net wéi een an der dote Situatioun e besseren Deal hätt kënne kréien“, mengt awer de Pol Reuter. „Mam Donald Trump kann een net verhandelen, wéi een dat als Europäer soss gewinnt ass – nämlech faktebaséiert“, seet de Journalist vu Reporter.lu.

„Et ass bëssen eng kannereg Vue vun Handelspolitik, déi vum US-Präsident bedriwwe gëtt, déi der Komplexitéit vu Liwwerkette guer net Rechnung dréit“, seet de Pit Scholtes. „Et ass eng Show an d’Europäer soe lo: Donald, mir ginn dir all Concessiounen an du hues eis gutt kritt. An dann si mer frou, wann en eis an der Defense net hänke léist“, analyséiert de Journalist vu Reporter.lu. Hie fillt sech un „Reality TV“ erënnert, well weder déi 700 Milliarden Euro u Gasliwwerungen, nach déi 600 Milliarden un Investitiounen an den USA wiere real Zousoen.

„Wann een e Präsident huet, deen d’NATO méi wéi eng Kéier a Fro gestallt huet, a gläichzäiteg e Krich un der europäescher Baussegrenz huet, da muss een als EU sou engem Deal zoustëmmen. Dann huet een och keen anere Choix“, seet de Pol Reuter. Déi eenzeg Hoffnung wier lo, datt d’EU sech an der Defense méi onofhängeg géif maachen. An datt d’EU géif d’Chance notzen, Barrièrë fir den Handel tëscht de Memberstaaten ofzebauen, soen déi zwee Journalisten.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema