Wéi eng Strategie verfollegt d’Regierung an der Verdeedegungspolitik? Wéi een Impakt hunn den Ukrain-Krich an déi doduerch verännert international Sécherheetslag op d’Lëtzebuerger Arméi? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Rezent huet d’Regierung déi nei „Lignes directrices de la Défense luxembourgeoise“ virgestallt. An dem Dokument ginn déi éischt Kéier zanter 2017 d’Leitlinnen an d’Ziler vun der Lëtzebuerger Verdeedegungspolitik definéiert. Deen „Update“ wier eleng schonns wéinst der radikal gewandelter Sécherheetslag am Kontext vum Ukrain-Krich néideg gewiescht, seet de Journalist Pit Scholtes am Podcast „On the Record“. Mee et kéint een awer och ee Politikwiessel feststellen. Deemno géif d’Lëtzebuerger Arméi sech nach méi staark wéi an der Vergaangenheet un de Virgabe vun der NATO orientéieren.
Opfälleg wier awer virun allem, datt d’Arméi zwar ëmmer méi Engagementer ageet, mee gläichzäiteg net genuch Personal zur Verfügung hätt, fir deene Verflichtunge gerecht ze ginn, sou de Pit Scholtes weider. Dozou géif och ëmmer méi de Beräich vum „Cyberwarfare“ gehéieren. De chronesche Personalmangel wier dobäi „d’Achillesfers vun der Lëtzebuerger Defense-Politik“. „Säitdeem et d’Lëtzebuerger Arméi gëtt, stoung si am Fong nach ni sou ënner Drock wéi haut.“
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.
Méi zum Thema




