D’Spezialkommissioun „Caritas“ wollt d’Affär opschaffen. Gouf si deem Usproch gerecht? Wat ass haut iwwer de Krisemanagement vun der Regierung gewosst? An hätt d’Caritas net awer kënne gerett ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Wärend 9 Méint koum déi parlamentaresch Spezialkommissioun zur Caritas-Affär 24 Mol zesummen. Ufank Juli war hire Rapport fäerdeg an et gouf ëffentlech doriwwer debattéiert. Vun Ufank un huet sech d’Fro gestallt, ob esou eng Kommissioun dee richtege Moyen war, fir dës Affär opzeschaffen. Elo stellt sech d’Fro op si hirem eegenen Usproch gerecht gouf. D’Journaliste Laurent Schmit a Pol Reuter hunn dozou eng kloer Meenung.

„Dee ganzen Usproch vun Opklärung, deen d’Politik sech virun engem Joer selwer ginn huet, deen erfëllt si op kengem Punkt. Et ass haut näischt méi kloer, wéi et am Juli, August oder September 2024 war“, seet de Laurent Schmit am Podcast „On the Record“. „Dee ganzen Debat huet fir mech gewisen, datt d’Chamber sech als Acteur net seriö hëlt, hir Roll als Kontrollorgan vun der Regierung net seriö hëlt“, sou de Journalist vu Reporter.lu, deen dobäi net nëmmen d’Majoritéitsparteien, mee och d’Oppositioun kritiséiert.

„E grousse Probleem war, datt d’Ziler vun dëser Kommissioun vun Ufank u net kloer waren“, seet de Pol Reuter. Hien mengt domat, datt d’Majoritéit préiwe wollt, op ee gesetzlech eppes misst änneren, fir esou Skandaler an Zukunft ze verhënneren, wärend d’Oppositioun de Krisemanagement vun der Regierung analyséiere wollt. Dobäi goung et och ëm déi grouss Fro, op d’Caritas net awer hätt kënne gerett ginn. „Dat wier vläicht duerchaus méiglech gewiescht“, mengt de Pol Reuter. „D’Leeschtunge per se goufen iergendwéi erhalen, mee ofgesinn dovu goufen aner Optiounen net wierklech consideréiert“, sou de Journalist.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema