Zu Lëtzebuerg feelt et u Plaz fir Flüchtlingen ënnerzebréngen. De Constat, dee schonn 2015 beim Syriekrich gemaach gouf, bleift haut onverännert. D’Autoritéite sinn an engem Däiwelskrees gefaangen. Dorëms geet et an der neister Episod vun „On the Record“.
D’Kapazitéite fir Flüchtlingen opzehuele sinn zu Lëtzebuerg bal zu 100 Prozent ausgelaascht, sot rezent den Ausseminister. Den Ukrain-Krich huet Dausende Flüchtlingen op Lëtzebuerg bruecht, déi d’Urgence en Ënnerdaach sichen. Hei ass de Staat op d’Solidaritéit vu Privatleit ugewisen. 3.000 vun 4.500 ukrainesche Flüchtlinge sinn zu Lëtzebuerg bei Privatleit ënnerkomm. Well an den ëffentleche Strukture wier fir si net genuch Plaz.
Schold un Iwwerlaaschtung vun de Flüchtlingsstrukturen ass dem Jean Asselborn no net de Staat. De Problem géif entstoen, well ronn d’Hallschent vun den unerkannte Flüchtlinge wéinst der Logementskris net aus de Strukture rauskënnt. D’Argument wier plausibel mee net déifgrënneg genuch, mengt d’Maria Elorza. Dat ass eent vun de Resultater vu hirer Recherche fir Reporter.lu iwwer d’Grënn vun der feelender Planifikatioun.
„On the Record“ mam Isabel Scott ass den Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer eng vun eise Storyen an hir Hannergrënn. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.
Méi zum Thema
