Lëtzebuerg setzt an de Bezéiungen mat Russland weiderhin op Oligarchen als „Consuls honoraires“. Am neie Podcast „On the Record“ schwätzen d’REPORTER-Journalisten Isabel Scott a Christoph Bumb iwwer dësen an aner Widderspréch vun der Lëtzebuerger Aussepolitik.
Bis viru kuerzem hat Lëtzebuerg nach fënnef Éierekonsulen a Russland, fënnef Russen, déi säit 2009 vum Jean Asselborn nominéiert goufe fir d’Lëtzebuerger Intressen ze vertrieden. Dräi vun hinne goufe rezent ofgesat, dat well se op offizielle Sanktiounslëschte vun der EU stinn oder sech fir de Krich an déi aggressiv russesch Expansiounspolitik ausgeschwat hunn. Zwee russesch Oligarche konnten hiren Titel awer trotz der ugespaanter geopolitescher Situatioun behalen. Lëtzebuerg well weiderhin op si zeréckgräifen, obwuel och si gutt Bezéiungen zum Putin-Regime hunn an dat och net verstoppen.
„Letzebuerg hat eng ganz bewosst Strategie fir sou Oligarchen auszesichen“, erkläert de Christoph Bumb am neie REPORTER- Podcast „On the Record“. Déi „Consuls honoraires“ wären eng „Personifizéierung“ vun der deelweis problematescher Russlandpolitik vun der Lëtzebuerger Regierung. „Op der enger Säit soen, wéi solidaresch een mat der Ukrain ass, an op der anerer Säit mam Aggresseur am Ukrainkonflikt eng privilegéiert Partnerschaft oprecht erhalen – dat ass eng Politik, déi een op mannst kann hannerfroen“, sou de Chefredakter vu Reporter.lu am Gespréich mam Isabel Scott.
„On the Record“ mam Isabel Scott ass den neie Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer eng vun eise Storyen an hir Hannergrënn. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.
Méi zum Thema
