Den Educatiounsminister kritt d’Affär ëm de Science Center an d’Problemer am Mamer Lycée net an de Grëff. Wéi transparent kommunizéiert de Claude Meisch? Gëtt hie senger Verantwortung gerecht? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Vun Ufank un huet de Claude Meisch probéiert, just dat zouzeginn, wat hie grad huet missen zouginn“, seet de Pol Reuter zur Kommunikatioun vum Educatiounsminister ëm de „Luxembourg Science Center“. D’selwecht hätt de Claude Meisch och bei de Problemer am Mamer Lycée reagéiert, esou de Journalist vu Reporter.lu. Réischt wéi d’Mëssstänn a béide Fäll an der Press thematiséiert goufen, huet hien d’Chamber an d’Ëffentlechkeet iwwert seng Mesuren informéiert.

Eng weider Gemeinsamkeet wier, datt de Claude Meisch d’Responsabilitéit un déi betraffen Acteuren delegéieren géif, seet de Pol Reuter. Am Fall vum Science Center ass dat de Verwaltungsrot vun der ASBL hannert dem Zentrum. Vun der Direktioun a vum Personal am Mamer Lycée fuerdert de liberale Politiker intern eng Léisung ze fannen. Datt dat a béide Fäll klappt, bezweifelt de Journalist awer.

Ob déi zwou Affären dem Claude Meisch politesch schueden, wier schwéier ze soen.  „An de leschte Joren hu mir gesinn, datt notamment DP-Ministere bei sou Affäre gutt ewechkommen. Si si wéi Teflon an näischt bleift wierklech pechen“, mengt de Pol Reuter.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema