Déi Gréng schaffen hire Waldebakel op. Dozou hunn si och hir Membere befrot. Wéi erklären si sech d’Kris? Wat wëll a muss d’Partei änneren? A wéi kéint d’Oppositioun eng Chance sinn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Du kanns näischt kommunizéieren, wann’s du net selwer kloer am Kapp hues, wat’s du wëlls a wat’s du representéiers.“ Dat seet de Laurent Schmit am Podcast „On the Record“ a mengt domat de Walkampf vun Déi Gréng virun de Nationalwalen, déi bekanntlech zu engem Desaster fir d’Partei goufen. Fir de Journalist fënnt sech dat och an de Resultater vun enger parteiinterner Ëmfro erëm, iwwert déi Reporter.lu dës Woch exklusiv bericht huet. „Déi eng Membere soen: ze gréng, ze ideologesch, ze streng. Déi aner soen: net streng genuch, ze pragmatesch, net gréng genuch“, sou de Laurent Schmit. An genee deen Zwiispalt géing sech iwwerall duerch zéien.

Et hätt domadder och un engem kloren Alleinstellungsmerkmal gefeelt, firwat d’Leit Déi Gréng sollte wielen. An och un enger Zukunftsvisioun, analyséiert de Laurent Schmit d’Feeler vun der Partei. Wien dofir responsabel ass, datt géing an der interner Analys awer erstaunlech wéineg thematiséiert ginn, erkläert de Journalist vu Reporter.lu. Et goufe jo och keng personell Konsequenze gezunn an dat soll och net virun engem Kongress am Oktober geschéien.

D’Aarbecht an der Oppositioun kéint deene Gréngen hëllefen, sech nei opzestellen a virun allem hiert Profil ze schäerfen. Dobäi géingen hier och déi politesch Kontroverse vun der neier Regierung an d’Kaarte spillen, seet de Laurent Schmit. Oppositioun wier awer sécher net dat, wat déi Partei wéilt maachen. „Et spiert een och elo nach ëmmer déi Iwwerzeegung, datt een et besser kéint maachen, an et wéilt een dann och séier nees an eng Regierung kommen.“

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema