Firwat gëlle fir Politiker aner Standarde vu Moral an Anstand wéi fir aner Mënschen? Wei ginn Medien a Politik mat Skandaler ëm a wat kann een aus der Spesenaffär vum Franz Fayot léieren? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
De Franz Fayot huet wärend déngschtlechen Auslandsreesen deiere Wäin a Cocktaile gedronk – op Käschte vum Steierzueler an zum Deel ausserhalb vum offizielle Programm. D’Affär bestätegt d’Virurteel, wat verschidde Leit iwwert realitéitsfriem Politiker hunn, seet de Christoph Bumb, Chefredakter vu Reporter.lu, am Podcast „On the Record“. De Franz Fayot hätt zwar zouginn, Feeler gemaach ze hunn. D’Kommunikatioun vum Kooperatiounsminister direkt no der Publikatioun vun de Recherchen wär trotzdeem net ideal gewiescht.
Den Ëmgang mat der Affär géif och weisen, datt Parteien, déi gewëssen Idealer hunn, am Walkampf eng méi grouss Ugrëffsfläch bidden. Dat weist sech och am Verglach mat aneren Affären, wéi zum Beispill dem Premierminister seng Plagiatsaffär. D’Roll vun de Medien a vun der Oppositioun ass an deene Fäll och net ze ënnerschätzen, do hätten d’Regierungsparteien zu Lëtzebuerg et nach einfach. „Vun enger Oppositioun wéi zu Lëtzebuerg kann am Fong just all Regierung dreemen“, seet de Christoph Bumb.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.
Méi zum Thema




