Déi nei Regierung aus CSV an DP ass mëttlerweil säit engem hallwe Joer am Amt. Wou konnt si politesch Akzenter setzen? Wou gouf et Kontroversen? A wat ass vun hirer Kommunikatioun ze halen? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Too little too late.“ Dat seet de Pol Reuter zum Mesurëpak vun der Regierung, mat deem si der Logementskris entgéingt wierke wëll. Fir de Journalist vu Reporter.lu gëtt mat deene Mesure den absolutte Minimum gemaach, fir de Bausecteur ze retten an d’Präisser iergendwéi stabil ze halen. Mee all déi Mesurë géingen net duergoen, fir wierklech eppes géingt d’Logementskris ze maachen, sou de Pol Reuter am Podcast „On the Record“.

Dee Mesurëpak wier awer grad eppes, un deem sech déi nei Regierung no sechs Méint am Amt misst moosse loossen. Nieft villen Annonce wier dat mat dat Eenzegt konkret, wat CSV-DP-Koalitioun bis elo opweises huet. D’Upassung vun der Steiertabell un d’Inflatioun wier scho vun der viregter Regierung decidéiert a vu Schwaarz-Blo just erweidert ginn, sou de Pol Reuter, fir deen vum Start vun der neier Regierung virun allem dat d’Heescheverbuet an Erënnerung bleiwt.

D’Heescheverbuet stéing och am Widdersproch mat der Annonce vun der Regierung, de Kampf géingt d’Aarmut als Prioritéit unzegesinn. „Dat wollt een sech grouss op de Fändel schreiwen, mee wann ee kuckt, wat d’Regierung an deem Beräich gemaach huet, da fënnt een ausser e puer Mesure fir d’Monoparentaux net vill“, seet de Pol Reuter. „Do muss d’Regierung nach liwweren, an eréischt da kann ee soen, op se de Kampf géingt d’Aarmut iwwerhaapt mol ugefaangen huet“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema