Wéi presentéiert sech de Luc Frieden als Premier? Wéi äussert sech déi ugekënnegt nei Politik vun der CSV-DP-Regierung? A wéi vill Kontinuitéit zu Blo-Rout-Gréng ass ze erwaarden? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

De Luc Frieden wëll anescht regéiere wéi säi Virgänger Xavier Bettel an déi blo-rout-gréng Regierung. Den neie Premier gesäit sech als Chef vun der CSV-DP-Regierung an interpretéiert déi Roll wéi e Generaldirekter vun enger Entreprise. De Christoph Bumb erkennt do eng gewëss Kontinuitéit zum Luc Frieden sengen Aussoen am Walkampf, wou den CSV-Spëtzekandidat säi liberale Virgänger scho mol kritiséiert hat, dat hien a munchen Dossiere kee Leadership bewisen hätt.

„Mir wäerten an de nächste Wochen a Méint gesinn, wat dee Stil da konkret bedeit“, seet de Chefredakter vu Reporter.lu am Podcast „On the Record“. „Wéi wäert de Luc Frieden mat Konflikter an der Regierung ëmgoen? Wäert hien déi Akzenter setzen, déi hien ugekënnegt huet, beim Logement oder bei de Steieren?“, freet sech de Christoph Bumb. Do hätt den neie Premier nämlech nach keng Erfarung dran.

„Et muss ee kucken, wéi CSV an DP op deene Punkten, wou se eng aner Politik versprach hunn, wäerte virgoen a wéi dat dann am politesche Milieu an och an der Bevëlkerung opgeholl gëtt“, mengt de Christoph Bumb. Do wäert sech da weisen, a wéi eng Richtung d’Politik geet an op et eventuell méi Kontinuitéit par rapport zur viregter Regierung gëtt, wéi munchereen dat gemengt hätt.

Mat der Zäit wäert sech dann och eréischt e Bilan vun der Politik vun der Dräierkoalitioun zéie loossen, seet de Christoph Bumb. „D’Leit, déi am Oktober sou gewielt hunn, wéi se gewielt hunn, wäerte warscheinlech hir Meenung adaptéieren, wéi si zu där neier Regierung stinn, an dann och eng aner Vue op déi blo-rout-gréng Ära hunn“, sou de Chefredakter vu Reporter.lu.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit.


Méi zum Thema