Wéi gutt ass Lëtzebuerg duerch d’Pandemie komm a wéi eng Léiere sollt d’Politik doraus zéien? An der Chamber gouf doriwwer kontrovers gestridden. Och déi international Recherche „Shadow Diplomats“ ass e Sujet an der neister Episod vun „On the Record“.

A wéi enge Beräicher vun der Gestioun vun der Pandemie goufe Feeler gemaach? Wat misst sech änneren, fir déi nächst sanitär Kris besser ze meeschteren? Dat war d’Thema vum Chamberdebat dëse Mëttwoch. Blo-Rout-Gréng huet sech op d’Schëller geklappt an d’Oppositioun huet d’Kritiken aus dem OECD-Rapport zur Lëtzebuerger Covid-Poltik opgegraff.

„Déi nächst Pandemie kënnt bestëmmt an et ass just d’Fro wéini“, betount de Pol Reuter, dee fir Reporter.lu dësen Debat suivéiert huet. Et wier ëmsou méi wichteg, kloer Reegelen an engem Pandemiegesetz festzehalen, seet de Journalist am Gespréich mam Laurent Schmit, Chefredakter adjoint vu Reporter.lu.

Donieft geet et am Podcast dës Woch och ëm déi international Recherche „Shadow Diplomats“. De Journalist Luc Caregari huet sech déi 163 „Consuls honoraires“ am Detail ugekuckt, déi Lëtzebuerg am Ausland vertrieden. An hien ass dobäi op Erstaunleches gestouss.

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.


Méi zum Thema