Dëser Deeg steet d’Klimapolitik nees méi am Fokus. Grond ass d’COP30 a Brasilien. Ëm wat geet et bei där Konferenz? Wéi eng Roll spillt dobäi Europa? A wéi steet et eigentlech ëm déi national Klimapolitik? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Eng Ëmwelt- a Klimapolitik, déi d’Leit begeeschtert amplaz nervt.“ Dat hat de Premier Luc Frieden am November 2023 ugekënnegt.„Dat ass entretemps eng kultesch Ausso vum Luc Frieden a fir mech ass et dat éischt Beispill vun deem problematesche Regierungsstil, deen hien an de leschten zwee Joer gewisen huet“, fënnt de Laurent Schmit a Podcast „On the Record“. „Hien seet eppes, wat ganz duebeldeiteg ass, well wat nervt dann em Fong? A wann een da kuckt, wat no zwee Joer do steet, da stellt ee fest: Si maachen einfach d’Politik vu Blo-Rout-Gréng weider, mee op där aner Säit ass alles extrem schwéierfälleg bei der Ëmsetzung“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

An dëser Episod vun „On the Record“ schwätzen de Laurent Schmit an de Pol Reuter awer net nëmmen iwwer déi national Klimapolitik, an ob déi si begeeschtert oder nervt, mee och iwwer déi international Klimaziler. Ëmmerhi steet mat der Klimakonferenz COP30 am brasilianesche Belém e wichtege Rendez-vous virun der Dir. Si kucken dobäi och op dat, wat d’Ministeren aus der EU dës Woch no laangen Diskussioune festgehalen hunn, an dorop, wéi Lëtzebuerg an deene Verhandlungen agéiert huet.

„Et ass fir de Serge Wilmes als Lëtzebuerger Ëmweltminister eng liicht Positioun, fir sech um EU-Conseil als Musterschüler dohin ze sëtzen an ze soen, mir ënnerstëtzen d’Kommissioun voll a ganz bei deem, wat si proposéiert huet, mir sti fir déi grouss Ziler, wann’s de souwisou weess, datt déi Ziler net wäerten duerchkommen“, seet dozou de Pol Reuter. „Mee et ass awer dann och absolut net kohärent mat där Politik, déi hei am Land gemaach gëtt“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema