An der Schwäiz gouf iwwert e méigleche Fridden an der Ukrain diskutéiert. Wat ass vun där Konferenz zréckzebehalen? Wéi ass d’Situatioun am Krichsgebitt? A wéi sinn déi nei Defense-Ziler vu Lëtzebuerg anzeuerdnen? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Déi Friddenskonferenz iwwert d’Ukrain war e konkreten Ufank vun engem Prozess. A positiv ass zréckzebehalen, datt esou vill an dorënner och grouss Länner deel geholl hunn“, seet de Pit Scholtes. D’Ofschlosserklärung wier gewëssermoossen e Minimal-Zil, op dat een sech konnt eenegen. Gläichzäiteg hätt dat awer och d’Differenzen tëscht de verschiddene Länner gewisen, sou de Journalist vu Reporter.lu am Podcast „On the Record“.

Ee Knackpunkt bei méigleche Friddensverhandlunge wier d’territorial Integritéit vun der Ukrain, soe souwuel de Pit Scholtes wéi och de Laurent Schmit. „Laut dem Droit international ass ganz kloer, datt d’Ukrain d’Recht huet, datt déi nees hiergestallt gëtt. An do ass d’Fro, wéi een eng Friddensléisung ka fannen, déi deem Droit entsprécht a kee Präzedenzfall schaaft“, seet de Laurent Schmit. „Am Réckbléck weist sech och elo, wéi wäit vun der Realitéit de Xavier Bettel ewech war, wéi hien gemengt huet, mat senger Telefon-Diplomatie iergend eppes kënnen ze areechen an dësem Konflikt“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Déi nei Defense-Ziler an hir Zäitschinn, déi de Premier Luc Frieden annoncéiert huet, gesi béid Journaliste kritesch, wann och aus aus ënnerschiddleche Grënn. De Laurent Schmit stéiert sech dorun, datt déi Ausgaben och mat wirtschaftlechen Argumenter begrënnt ginn: „Fir mech sinn dat falsch Prioritéiten.“ De Pit Scholtes sengersäits ass der Meenung, dass déi Ziler nach ëmmer just e Minimal-Zil wieren: „Ech mengen, Lëtzebuerg hat do ënnerhalb vun der NATO net vill Choix an sou hunn ech meng Zweifel, datt dat elo dem Luc Frieden seng Errungenschaft ass, datt mir eis Ziler lo do sollen anhalen.“

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema