De militäresche Konflikt an der Golfregioun huet elo schonn en Impakt op Gas- a Pëtrolspräisser. Wat erwaart Europa a Lëtzebuerg? A wéi kéint hei eng méi onofhängeg Energiepolitik ausgesinn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Wann een US-President ee Krich ufänkt ouni kloer Zilsetzung, entgéint dem internationale Recht an dat dozou féiert, dass eis Wirtschaft do béis Delle kritt, da kéint een dat vläicht och eng Kéier kloer soen, amplaz do ëmmer ronderëm ze drucksen.“ Déi kloer Wieder fënnt de Laurent Schmit am Podcast „On the Record“ fir d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung zum Krich am Iran. An dëser Episod befaassen hien an de Pol Reuter sech mam Impakt vun deem Krich op d’Energiepräisser a mat alle Konsequenzen, déi dat mat sech bréngt.

„Et ass am Fong e Paradox: Mat den Ugrëff vum Iran op Pëtrols- a Gasinfrastruktur vun de Golfstaaten a mat der Blockad vun der Strooss vun Hormus befanne mir eis u sech an engem Worst-Case-Zenario an awer gesi vill Experte kee Grond zur Panik, well vill Ueleg um Marché ass. Virausgesat, datt deen heite Krich net ze laang dauert“, seet de Laurent Schmit. „Een aner Grond, firwat mir elo manner ze fäerten hunn, ass, datt mir aus der Energiekris 2022 geléiert hunn: De Gasverbrauch zu Lëtzebuerg ass ëm e Fënneftel zréckgaangen, Stéit a Betriber verbrauche vill manner“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

„Dozou muss ee soen, datt mer duerch déi lescht Energiekris och ugefaangen hu méi ze diversifizéieren, also méi ze kucken, vu wou mir eise Gas hierkréien an och erkannt hunn, wéi wichteg et ass Reserven unzeleeën“, seet de Pol Reuter. „An och déi aktuell Kris kann een natierlech gesinn als eng Opportunitéit, fir d’Energietransitioun nach eng Kéier ëmsou méi unzekuerbelen, well déi aktuell Situatioun beweist just nach eng Kéier, wéi wichteg dat ass, fir do autonom ze ginn“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

De Pol Reuter an de Laurent Schmit blécken dann och dorop, wou Lëtzebuerg bei der Energietransitioun drun ass a wéi en Impakt déi „aner“ Politik vun CSV an DP huet. Béid Journaliste loossen do och eng aktuell Recherche vu Reporter.lu iwwer eng méi spuersam Budgetspolitik erafléissen. Déi Recherche hat ënner anerem gewisen, datt laut dem Finanzminister Gilles Roth bei der Ëmsetzung vum nationalen Energie- a Klimaplang keen „Automatismus“ méi besteet, datt d’Moossnamen aus deem Plang och weiderhi budgetär realiséierbar sinn.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema