An der Sozialronn gouf haart a bis an d’Nuecht ra verhandelt. Wat ass bis lo dobäi erauskomm a wéi steet et ëm de Sozialdialog? A wéi eng Roll spillt de feelende Konsens an der CSV-DP-Koalitioun? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Een Accord gëtt et momentan op kengem Punkt“, hält de Pol Reuter no bal 11 Stonne Verhandlungen an der Sozialronn fest. Zwar huet d’Regierung d’Exklusivrecht vun de Gewerkschaften an de Kollektivvertragsverhandlungen unerkannt. „Dat war d’Bedingung vun de Gewerkschafte fir deelzehuelen“, betount de Journalist vu Reporter.lu am Podcast „On the Record“. Mee fir d’Patronat ass dat awer Deel vun engem spéideren „Package“. Ëmmerhi schwätzen d’Sozialpartner rëm mateneen an d’Format hätt eppes vun enger klassescher Tripartite, och wann de Premier de Begrëff net wéilt.

„D’Koalitioun klappt sech op d’Schëller, datt de Sozialdialog lo rëm funktionéiert. Do muss een awer der Oppositioun Recht ginn, déi an der Chamber gefrot huet: Wéi si mer dohi komm?“, seet de Laurent Schmit. D’Sam Tanson vun Déi Gréng sot, et wier eng hausgemaachte Kris. Lo missten sech all Partner um Rimm rappe, sou de Journalist vu Reporter.lu.

De Wee bis bei een Accord ass awer nach wäit. E Méindeg geet d’Sozialronn weider mat virun allem der Pensiounsreform um Menu. Iwwerraschend war an der Nuecht op en Donneschden, datt CSV an DP zwou Stonnen am Séparé ëm eng gemeinsam Positioun geréngt hunn, erzielt de Pol Reuter, deen déi Gespréicher verfollegt huet. „Dat war absurd, no sou vill Méint un Debatten“, betount hien.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema