Wéi eng Themen hunn de Walkampf gepräägt? Wéi wichteg si Walprogrammer an Zäiten vun enger staarker Personaliséierung vun der Politik? A wéi enge Gemengen kéint et zu Iwwerraschunge kommen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Logementskris a Mobilitéit: Dat sinn déi Sujeten, déi de Walkampf a ville Gemengen bestëmmt hunn. Dat soen op mannst d’Journalisten Luc Caregari, Pit Scholtes, Pol Reuter a Laurent Schmit am Podcast „On the Record“. Dobäi géif och ëmmer erëm opfalen, datt d’Zesummespill tëschent dem kommunalen an dem nationale Politikniveau net ëmmer gutt funktionéiere géif. D’Parteie selwer géifen am Zweiwel och méi op bekannt Persounen wéi op substanziell an ënnerscheedbar Programmer setzen, wat bei der Léisung vun de grousser Problemer och net onbedéngt hëllefe géif.
An dëser Spezialeditioun vun eisem Podcast ginn d’Journalisten vu Reporter.lu Abléck an hir Recherchen vun de leschte Wochen an woen och en Ausbléck op d’politesch Perspektiven a verschiddene Gemengen.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.
Méi zum Thema




