D’Gemengewale sinn den 1. Rendezvous an dësem Superwaljoer. Wéi eng Gemenge muss ee besonnesch am Bléck behalen? Wéi eng politesch Affären aus de leschte Jore kéinten en Impakt op d’Walen hunn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Den 11. Juni gëtt an den 102 Gemenge vum Land gewielt. All eenzel Gemeng an hir politesch Situatioun sinn zwar eemoleg. Mee et géifen awer Sujeten a Problemer ginn, déi ee plus ou moins an all Gemeng erëmfënnt. Dozou kommen eng Rei vu Skandaler a Kontroversen, déi am Walkampf verstäerkt thematiséiert kéinte ginn.
Dat soen de Pit Scholtes an de Pol Reuter an der neier Episod vum REPORTER-Podcast „On the Record“. Béid Journalisten traitéiere bei Reporter.lu virun allem politesch Sujeten an hunn an de leschte Joren och selwer eng Rei vun Affären op Gemengenniveau opgedeckt.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.
Méi zum Thema




