Säit méi wéi zwee Joer sinn LSAP an Déi Gréng an der Oppositioun. Wéi hunn déi fréier Regierungsparteien an dës Roll era fonnt? A wéi stellen si sech säitdeem personell a programmatesch nei op? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Dëse Weekend kënnt d’LSAP fir hire Landeskongress zesummen. Um Ordre du jour stinn ënner anerem en neie Grondsazprogramm an eng nei Co-Presidence, fir déi de Georges Engel an d’Maxime Miltgen kandidéieren. Domat stellt sech d’Partei nei op, och am Hibléck op déi nächst Walen. Mee wien d’Sozialisten als Spëtzekandidat an déi Wale féiert, dat ass am Moment net viraus ze gesinn: „Et ass eng absurd Situatioun fir d’LSAP. Si huet mam Paulette Lenert déi zweet beléifte Politikerin, direkt hannert dem Xavier Bettel, mee kann näischt doraus kapitaliséieren“, seet de Pol Reuter dozou am Podcast „On the Record“.
Hie bezitt sech do op Aussoe vum Paulette Lenert, datt si elo nach net wéist, op si 2028 nach eemol untrëtt. „Dat bedéngt, datt een d’Partei och net wierklech kann op eng Persoun ausriichten. Well wann een en aner Spëtzekandidat brauch, da muss een déi Persoun fir d’éischt mol fannen an opbauen“, sou de Journalist vu Reporter.lu, dee sech och d’Fro stellt, op de Georges Engel dat wierklech wéilt maachen. De Pol Reuter beurteelt an dëser Episod awer och insgesamt d’Aarbecht vun de Sozialisten an der Oppositioun a stellt do en däitlechen Ënnerscheed tëscht den Ex-Ministeren an de neien, jonken Deputéiert fest.
Wat déi programmatesch Ausriichtung ubelaangt, sou stellt de Pol Reuter fest: „Mir gesinn engersäits eng LSAP déi sech méi Richtung Gréng beweegt an eng gréng Partei, déi sech méi Richtung Sozialismus beweegt. D’Fro ass, wien ass méi credibel“, seet de Journalist vu Reporter.lu. Am Moment fënnt hien, datt Déi Gréng, déi leschte Weekend hiren Nationalkongress haten, sech besser an d’Roll vun enger Oppositiounspartei era fonnt hu wéi d’LSAP.
„Bei deene Grénge war dat méi en natierleche Prozess, fir si war d’Regierung éischter e Korsett, dat si ageschränkt huet“, mengt de Pol Reuter. Et wier gewëssermoossen e „Back to the roots“ an et misst ee soen, datt virun allem d’Sam Tanson an där Roll opgoe géing. „Mat hir hunn Déi Gréng eng Politikerin, déi d’Regierung wierklech virun sech hir dreift. An där Politiker fënnt een der net vill an der Chamber“, sou de Journalist. Hie gesäit awer och eng gewëss Gefor, datt aus der fréierer „François-Bausch-Partei“ eng „Sam-Tanson-Partei“ gëtt.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.
Méi zum Thema
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu




