Wéi ass déi aktuell Lag an der Ukrain? Wat bréngen d’Hëllefen vun der „Coalition of the willing“? An wéi ass d’Roll vun der Lëtzebuerger Regierung an hir aktuell Strategie an der Militärpolitik anzeuerdnen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Et muss ee scho mol sou däitlech soen: Wa mir iwwer militäresch Ofschreckung schwätzen, da schwätze mir iwwer Ofschreckung vu Russland“, seet de Pit Scholtes am Podcast „On the Record“. De Journalist vu Reporter.lu bezitt sech domat op Aussoe vum Premierminister Luc Frieden (CSV) an der Verdeedegungsministesch Yuriko Backes (DP) an hir Begrënnung vun der massiver Oprëschtung vun der Lëtzebuerger Arméi am Kader vun der NATO. Déi Debatt iwwer NATO-Ziler a Bedrohungszenarie géif zu Lëtzebuerg leider „vill ze abstrakt“ gefouert ginn, sou seng Kritik.

Dobäi wieren déi meescht Investitiounen, déi bis elo am Kader vun engem séier wuessende Militär-Budget bekannt wieren, duerchaus nozevollzéien, sou de Pit Scholtes weider. Mee grad an de Beräicher Satellittekapazitéiten an Droneproduktion kéint nach méi geschéien, wat net just am internationale Kontext mee och en Vue vun positiven ekonomeschen Effekter hei am Land sënnvoll wär. Allerdéngs misst och Lëtzebuerg sech nach méi konsequent op déi „asymmetresch“ russesch Krichsféierung géint westlech Länner astelle wéi dat bis elo de Fall ass, sou d’Analys vum Journalist.

Am Gespréich mam Chefredakter vu Reporter.lu, Christoph Bumb, geet de Pit Scholtes och op déi aktuell Lag un der Front am Ukrain-Krich an. Déi géif sech zwar engersäits am Moment wéinst verstäerkte russeschen Attacken och op zivil Ziler zouspëtzen. Gläichzäiteg géif sech awer weisen, wéi vulnerabel déi russesch Wirtschaft no méi wéi véier Jore Krich wär. De Journalist gesäit deemno an der Weiderféierung vum westleche Support bal keng Alternativ, mee hie betount och, datt parallel d’Sich no enger diplomatescher Léisung net sou aussiichtslos wär wéi een heiansdo vu bausse kéint mengen.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema